Den Beruff vum Cantonnier/Agent des domaines

De Beruff vum Cantonnier ass zimmlech villfälteg, well en an deene verschiddenste Servicer uechtert Lëtzebuerger Land present ass, dat huet vu Virdeel dass een d’Méiglechkeet huet, egal wou am Land ze schaffen (wann e Posten an der jeeweileger Géigend frei ass). 

Wat mecht e Cantonnier/Agent des domaines dann alles ?

En huet Responsabilitéit vun enger Brigade, déi aus enger Equipe vu Staatsaarbechter an enger gewëssener Streck an dem jeeweilege Kanton besteet. En ass vir déi verschidde Staatsstroossen an Alentouren (Grief, Wasseroofleef , Beem,Staatsbrécken etc) zoustänneg. D’Aarbechten déi laanscht Stroossen ausgeféiert solle gi, muss de Cantonnier u seng Salariéë verdeelen a kontrolléieren. Vir dës Aarbechten ze gesinn an seng Streck ëmmer propper ze hale muss e reegelméisseg Streckenkontrollen maachen. Ausserdeem ass e responsabel vir Stroossensperrungen, déi en och organiséieren a kontrolléiere muss (Opstellung vun de Schëlder, Deviatioun, etc)

D’Administratiounsaarbeschten gehéiere genausou zu sengem Beruff ewéi op der Streck présent ze si. Zu dësen Aarbechte gehéieren ënner anerem Congéen an d‘Schaffpläng vun de Staatsaarbechter , Protokoller vun de Schied u Staats Objete laanscht Stroossen, Berichter déi un déi jeeweileg Servicer gebonne sinn ewéi och Permissiounen déi kontrolléiert musse gi.

De Ponts et Chaussées huet e Wanter a Summerdéngscht, em deen sech de Cantonnier sech këmmere muss. E muss geplangt an organiséiert gi. De Wanter a Summerdéngscht ass a Permanencen op der Platz a Bereedschaftsdengscht Doheem agedeelt. De Cantonnier ass zoustänneg dass Staatsstroosse befuerbar si.

An verschidden anere Servicer huet een e mei speziellen Aufgabeberäich, wéi bei der Autobunn, um Findel oder Bréckenservice.Op der Autobunn an um Findel gëtt an dräi Schichte geschafft wat e besseren a schnellen Oflaf garantéiert. D’Autobunn huet méi mat Accidenter a Chantier’en zedin. De Bréckenservice ass méi vir Maintenancë vun de Brécken , Tunnellen an hier spezifesch Ouvragen zoustänneg. Esou ewéi um Stau sech och em Stränn Qualitéit vum Wasser an Treibgut gekëmmert gëtt oder wéi zu Mertert um Hafen déi sech och nach mam Boot vum PCH em d’Ufer vun der Musel këmmeren an zu Rousport déi nom Treibgut , no der Wier an der Pompstation kucken. Den Bréckenservice huet och nach eng Brigade mat den Spullfässer déi sech haabtsächlech em Griller vun den Brécken oder Tunnelen këmmert. D’Cantonnier’en sinn awer och an Brigaden wéi dem Marquage oder dem Elagage vertrueden. Den Marquage këmmert sech wéi den Numm et schon seet em den Marquage vun den Staatsstroossen. Den Elagage ass vir Beem laanscht d’Staatsstroossen responsable.

Wat brauch ee vir Cantonnier/Agent des domaines ze gi ?

-Et brauch een alséicht den Examen Concours D2. (Déi verschidden Datumer fann dir am GovJobs de Link fann der ënnen op der Säit)

-Wann der den D2 hutt ,muss der Ausschreiwungen am Ae behalen. (Ausschreiwunge vun alle Carrièrë sinn och hei ënne mam GovJobs verlinkt)

– Hutt dir och des Etapp hannert iech da maacht dir e klengen Exame bei eiser Administratioun. Wann dir dee gepackt hutt fänkt äre zweejärege Stage un. Dëse ka bis zu maximal engem Joer gekierzt gi. Nom Stage decidéiert den Astellungsexamen ob dir vereedegt gitt oder eis verloosse musst.